Eis Leckereien

Nëmmen dat Bescht ass gutt genuch!

Loost Iech vun eise Leckereien iwwerzeegen:

Am Wanter gëtt et gudde frësche gereecherte Salem (Saumon)

Mer huelen do richteg gudden Norwegesche Fjord Saumon marinéiert  mat frësche Gewürzer ouni Zousätz a Chemikalien,mat  Bichenspéin gerëtzt.

Frescht Gehacktes

Eist Gehacktes besteht aus freschem Schwengefleesch an Rendfleesch. Verfeinert get dat ganzt mat freschem Peiterseileg, Ennen an fresch Gewürzer. Eist Gehacktes ass perfekt  geegend fier ze kachen. Natierlech hun mer och Gehacktes fier ob d’Schmier.

Marineiert Kotletten

Eis Kotletten hun 180 -200 gr mat klengen Schanken an sin schein marbreiert. Marinade besteet aus Planzenuelg, Provenz Kräider an aaner freschen Gewürzer.

Eis Wäinzoossiss

Eis fresch Wäinzoossissen aus verschidden Zorten Fleesch an freschen Kräider. Eng gut traditionell Lëtzebuerger Spezialitéit. Fier an der Paan mat Moschterzooss oder fier um Grill, emmer erem gut.

Edamergriller

Eis wuel bekannten Edamergriller. Qualitatif an heichwärteg Schwengs- an Rendfleesch,  verfeinert mat freschen Gewürtzer mat freschen mettelgereiften Edamerkeis, einfach nemmen gut.

Fresch Schnittecher

Eis Schnittecher mat frescher Baguette an Rosebotter. Beluet mat eisen gudden Spezialitéiten an nach villem mei.

Hausmaacher Pati

Eisen Hausmaacher Pati (och en Wanterproduit)  no engem typesch Letzeboier Rezept gemaach, wat  licht verfeinert ginn ass an natierlech just mat éischtklassege Saachen a mat freche Gewürzer ouni Chimie.

Gromperen Gratin

Eisen Gromperen Gratin kritt een an Kilosportiounen. En besteht aus traditionellen Zusätz wei Rahm, Knueweleg, Keis, Gewürzer an natierlech aus freschen Gromperen.

Marineiert Schwenker

Eis fresch Schwenker hun 200 – 250 gr an hun natierlech keng Schank. Sie sin wei eis Kotletten schein Marbreiert. D’Marinade besteet aus Freschen Kräider an Gewürzer mat Moschtert an freschem Paprika.

Eis Pouletsrouladen

Eis Pouletsrouladen wei alles bei eis fresch an häerzhaft. D’Rouladen sin gefellt mat freschen Kräider, Kéis, Basilikum an Haam. Daat ganzt mat Crepinette agepaakt wat ärch dat lestegt ausweckelen mat der Ficelle erspuert an der direkt kennt genéissen.

Fierkel um Spiiss an eis frescht Gegrills

Fier en Fest en Geburtsdaag oder einfach esou, mat Beilaagen warm oder kaal. Emmer erem eng flott Saach. Mir kennen et bei ärch doheem firun den Leit grillen an et direkt nom grillen zerschneiden an zerweieren oder als Form fun Buffet( eppes wat emmer erem gut unkennt). Bei Wonsch kennen mer esou guer Telleren  an Besteck matbrengen dann brauch der ärch just em Gedrenks ze kemmeren.

Hausmaacher Mettwurschten

Eis frësch Mettwurschten,aus frëschem heischwaertegem Fleesch an Naturdärm gi mat Bichenspéin gerëtzt a mat freche Gewürzer verfeinert fir dat se och gutt schmaachen. Hei gëtt Nitritsalz wéinst der schéiner Faarf a Phosphat fir Fleesch ze banne benotzt.

Eis Reppecher

Eis fresch Reppecher fier ob den Grill oder am Uewen, gin mat gudden Loin-Ribs gemeet. Sie sin an enger spezieller Solper gemeet an fiergekacht. Fier dat ganzt ze verfeineren gin se mat eiser gudder BBQ Zooss marineiert an verpaackt.

Gutt Schwengszoossiss

Eis gut Schwengszoossiss (pur porc) aus noweislech guddem Schwengefleesch am Naturdarm mat grengem Peffer, Knueweleg oder Natur, iwert Bichenholz gerätzt, kritt der ganz fresch. Mir kennen se och bei eis räifen loosen fier ärch, sou wei der se wellt.

Portugiesech Bifanaen

Eis gudd Bifanaen. Fresch hauchdenn geschnidden Schwengsschnitzelen ,mat enger tipesch orginal Portugiesecher Zooss, fier ob den Grill, an der Paan,ob engem Breitchen oder um Teller mat Beilag, emmer rem gut.

Fresch marineiert Hierken

Eis fresch marineiert Hieken mat freschen  Beilaagen. Emmer erem beleift  an en richteg gudden letzeburger Kascht.

Treippen

Eis fresch Treippen kritt een bei eis just am Wanter an well se ganz frech sin just ob Bestellung (1 woch am virraus).

Fresch gemaachten BBQ Zooss

Fresch  BBQ Zoos agekacht an flotten Fleschen. Wei bei allen Produien get hei ob Chemech Zusätz verzicht an zum Beispill hei zu Tomatenpurée an gerächertem Paprika an nach zu diversen natierlechen Gewürzer zereck gegraff.

Fresch Hamburger

Eis fresch Hamburger. Gefligel, Kallef, Edamer oder Rend, aus freschen qualitatif heichwertegem Fleesch mat freschen Gewürzer as eng flott Ofwiesselung fier ob den Grill oder an der Paan.

Gerächert Frell

Eng fun eisen Hierchtspezialiteiten. Fresch gerächert Frellen, gesolpert an dono gerächert mat Bichenholz. Ob Wonsch kennen mer och är selwer gefangen Frellen rätzen.

Eis Quorn Kreatiounen ( vegetaresch )

Op Quornfilet mat verschiddenen Marinaden oder Quornwuppen, garanteieren mer dat et vegetaresch ass. Natierlech ass och desen Produit mat freschen Kräider prepareiert. Eist vegetarescht Quornsortiment wärt sech an nächster Zeit verfeineren an vergreisseren.

Weldschwein um Grill

Fier Weldliebhaber hun mer am Hierscht wärend der Weldsaison Weldschwein um Grill . Eng Delikates fier Liebhaber.

Groen Droht  (Liewerwurscht)

En weideren Saisonalen Produit. Den groen Droht get et bei eis just ob Bestellung (1 Woch am virraus), an dat just während den Wantermeint.

Mir bidden och en flotten Buffet un mat ob der Platz fresch gekachten Saachen aus eiser mobiler Kichen un. Ob den Biller gesid der eng fun eisen Varianten, eis fresch gemeeten Schnittecher, Kalefsgeschnetzeltes, Prince Orlof mat Quellgromperen an Reis, als Begleedung eng gut fresch Zalot, Schmandzooss mat Freijoerszwiwelen fier bei Gromperen an Brout. Mir kennen bei sou Buffeen Telleren mam Besteck matliweren.Am Wanter vill gefrooten Evenementer sin Hierkenowend mat Gromperen an Zalot an Treippenowenter mat flotten an gudden Beilaagen. Fier weider Froen stinn mer ärch gären zur Verfügung.

Mir hun och nach verschidden aaner Saachen an eisem Sortiment wou mer awer nach leider keng Fotoen hun, dei awer geschwen wärten do sin. Mir hun nach Grillwuppen mat Chili . Ebenfalls nach Grillinger fier ob den Grill an fresch Rohesser (Bierknacker). Mir hun och nach Rächerfleesch an Moorenspeck an eisem Sortiment. An fier Feierdeeg kennen mer ärch flott Saachen proposeieren fier Fondue oder eng Pierade.

Mir maachen Iech net nëmme glécklech mat klenge Quantitéite fir den normale Stot, mir stinn iech och gären zur Verfügung fir kleng angrouss Manifestatiounen (Gebuertsdagsfeieren, Famille Fester a kleng bis mëttelgrouss Firmenfeieren). Mir kennen och heifir eis Produiten ubidde mat verschidde Bäilagen an Zaloten. Eventuell kenne mer och Service ubidden. Kontaktéiert eis einfach iwwert Mail oder Telefon fir weider Detailer.